Profile
Democratic Party
Statement:
Europa. Stäerken, wat eis schützt. Lëscht 8
smartspider
Questionnaire
© www.smartvote.ch / www.sotomo.ch255075100European Sovereignty Economic LiberalismOrder & SecurityLiberal SocietyNational Sovereignty Environmental Protection
 Democratic Party
More information about the smartspider
  Comment  Democratic Party
Environment & Energy
1. The EU should impose stricter environmental standards on imported goods from third countries.
D'DP ënnerstëtzt streng Ëmweltstandarden op alle Produiten, souwuel op Importer aus Drëttlänner, wéi och op Produiten, déi an der EU produzéiert ginn.
Yes
Rather yes
Rather no
No
2. The EU should ban pesticides containing glyphosate completely.
Op EU-Niveau sëtzt d'DP sech dofir an, datt d'Zouloossung vu Glyphosat schnellstméiglech annuléiert gëtt.
3. The EU should permit the cultivation of more genetically modified crops (GMOs).
Dem Precautiouns-Prinzip no, soll keng „gréng“ Gentechnik zu Lëtzebuerg an an der EU erlaabt ginn. D’DP setzt sech och konsequent fir gentechnikfräie Som a villfälteg Zorten an, fir datt de Bauer d’Rechter um Som aus senger eegener Recolte behält.
4. There should be a label for the environmental impact on all food-related products sold in the EU.
Och wann d'DP esou engem Label éischter positiv géigeniwwer steet, ass et fir d'DP wichteg, dass d’Aféiere vun esou engem Label net mat iwwerméisseger Bürokratie verbonnen ass.
5. The EU should continue to recognise nuclear energy as a sustainable energy source.
D'DP ass absolut fir d’Promotioun vun den erneierbaren Energien.
6. The EU should stop subsidizing intensive livestock farming.
D'DP setzt sech fir d'Innovatioun an der Agrikultur an, fir méi nohalteg Alternativen ze schafen. Déi nächst Reform vun der Gemeinsamer Agrikulturpolitik muss deem Rechnung droen an déi Froen am Dialog mam Secteur zesummen ugoen.
7. Companies should pay more for their CO2 emissions.
Wann et néideg ass, fir d'Klimaziler z'erreechen, dann ënnerstëtzt d'DP de Prinzip, dass CO2-Emissioune solle méi deier ginn. D'DP ass géint all deloyal Konkurrenz vun Drëttstaaten an dëser Fro.
8. Selling new cars with combustion engines should still be authorised after 2035.
9. The EU should take more mandatory measures to reduce the production and sale of fast fashion products.
D'DP setzt sech weider fir de Respekt vun héijen Ëmwelt- a Mënscherechtsstandarden an.
10. Flight taxes should be introduced throughout the European Union.
Der DP läit den Ëmweltschutz um Häerz, dowéinst soll d'Aviatioun net vum Prinzip pollueur-payeur ausgeschloss sinn.
Foreign Affairs
Economy, Finance & Redistribution
Media
European Integration & Enlargement
Society & Identity
Immigration
Political Participation & Decision-making